Coupe Finals 2011

Coupe Finals 2011

  Coupe Finals 2011 Coupe Finals 2011

Kannertournoi Feelen 2011

Kannertournoi Feelen 2011

  Kannertournoi Feelen 2011 Kannertournoi Feelen 2011

Paris Badminton WM 2010

Paris Badminton WM 2010

  Paris Badminton WM 2010 Paris Badminton WM 2010

Ofschlossfeier 2009

Ofschlossfeier 2009

  Ofschlossfeier 2009 Ofschlossfeier 2009

Eierung op der Gemeng

Eierung op der Gemeng

  Eierung op der Gemeng Eierung op der Gemeng

Match Izeg - Scheffleng

Match Izeg - Scheffleng

  Match Izeg - Scheffleng Match Izeg - Scheffleng

Europacup Sofia

Europacup Sofia

  Europacup Sofia Europacup Sofia

Hochzait Manon 2008

Hochzait Manon 2008

  Hochzait Manon 2008 Hochzait Manon 2008

Camping 2008

Camping 2008

  Camping 2008 Camping 2008

Camping 2007

Camping 2007

  Camping 2007 Camping 2007

Coupe 2005

Coupe 2005

  Coupe 2005 Coupe 2005

News

06-02-2012: Seniors-Landesmeeschterschaft

Dëse Weekend war d’Landesmeeschterschaft.
Landesmeeschter goufen
 

  • d’Claudine am Dammeneenzel A
  • den Akis am Mixte B
  • de Victor am Härendubbel B
  • d’Sophie am Dammeneenzel C, am Dammendubbel C an am Mixte C
  • d’Jil am Dammendubbel C
  • de Maurice am Häreneenzel C an am Mixte C

Hinnen eis Félicitatiounen.
Allgemeng gekuckt war dëst Joer net schlecht: Am Ganze goufen et 20 Titelen ze gewannen (4 Kategorien -ABCD- an all kéiers 5 Disziplinnen: Dammen- an Hären- Eenzel an-Dubbel plus Mixte).Dovun hu Spiller vum Fiederball Izeg 7 Titele gewonn.
Dat sin 2 Titele manner wéi d’ läscht Joer.
Am A hunn eis Spiller 1 vun 5 Titele gewonn (d’Claudine den Dammeneenzel). Dat waren dem Claudine säin 19. Titel am A.
Am B gewannen den Akis de Mixte an de Victor den Härendubbel. Am C gewënnt d’Sophie den Dammeneenzel, d’Sophie an d’Jil den Dammendubbel, d’Sophie an de Maurice de Mixte an de Maurice den Häreneenzel.
Eise jéngste Landesmeeschter huet 15 Joer, deen eelsten 23. Op eis Jugend ass also verlooss.
Weider Detailer zu de Medaillen kommen no.
Am Asaz waren och de Philippe an de Xavier als Trainer. Hinne villmools Merci fir hiren Asaz.

06-02-2012: Bilan historique Landesmeeschterschaft

Zënter 1984 (1987 fir den Dubbel an de Mixte) ginn zu Lëtzebuerg individuell Landesmeeschterschaften am A ausgespillt. Den Dammeneenzel hu mer 9 mol gewonn, den Häreneenzel 11 mol. Am Härendubbel hu mir bis elo 12 Titelen, am Dammendubbel der 11 an am Mixte der 12. An den Dubbeldisziplinnen hu mer verschidden Titelen zesumme mat Spiller aus anere Clibb gewonn.
Et war eng ongewéinlech Landesmeeschterschaft am A. Just d’Claudine konnt säin Titel vun 2011 verteidegen, iwwerall anescht goufen et aner Landesmeeschter. Dat erkläert e.a. och datt mir « just »  1 Titel hunn. Fir d’läscht « nëmmen » een Titel am A gouf et fir Izeg 1997. Emsou méi Freed mécht den Titel am Dammeneenzel (dovirdrun hu mer schonn 1992, 1993, 2001, vun 2004 bis 2007 an 2011 gewonn). Den Dammeneenzel war déi eenzeg Kategorie, wou Izeg net eleng Rekordchampion war. Dat ass dann elo anescht.
Izeg ass dee mat Ofstand erfollegräichste Club op den individuelle Landesmeeschterschaften. Mir hu méi wéi een Drëttel vun all den Titelen am A gewonn (55 vun 136). Hei läit Izeg mat 55 Titelen (dovun 8 gedeelten*) virun Diddeleng mat 29 (6*), Aris mat 14 (7*), Walfer mat 13 (4*), Ettelbréck mat 12 (6*), Koplescht mat 10, Schëffleng mat 10 (6*), Beetebuerg mat 9 (3*), Jonglënster mat 2 (2*) a Schëtter a Wolz mat jee engem.
* Hei fannt Dir Titelen, déi ee Spiller aus deem Club zesumme mat engem Spiller aus engem anere Club gewonn huet.

30-01-2012: Veteranelandesmeeschterschaft

Dëse Weekend waren d'Landesmeeschterschaften fir d'Veteranen zu Diddeleng.
Do huet de Marc den Eenzel an den Dubbel an der Altersklass 40-44 gewonn.
De Fernand an den Hubert sinn op déi drëtt Plaz am Eenzel iwwer 55 komm.
Hinnen eis Félicitatiounen.

30-01-2012: Jugendlandesmeeschterschaft

Dëse Weekend waren d'Landesmeeschterschaften fir d'Jugend zu Diddeleng.
Landesmeeschter goufen

  • de Ben am Eenzel bei de Scolairen
  • de Ben an de Juno am Dubbel bei de Scolairen
  • d’Stefka am Dubbel bei de Cadettes
  • den Akis am Dubbel bei de Junioren
  • d’Stefka an den Akis am Mixte bei de Junioren

Hinnen eis Félicitatiounen. Dernieft hu mer nach vill weider Médailleplazen. Do kommen d’Détailer no.

12-01-2012: Seniorslandesmeeschterschaft Umeldung

D'Seniorslandesmeeschterschaft ass den Weekend vum 4.-5. Februar zu Jonglënster. Mellt iech bis spéitstens den 22. Januar beim Yves.
Dir kënnt iech och fräi mellen, wann der kee Partner hutt. Da kënnt der spillen, wann d'Federatioun een anere fënnt respektiv wann dee Weekend ee verletzt oder krank ass an dir deen dann ersetzt. Also eng gutt Iddi wann ee kee Partner huet.
Wichteg: Dir musst (!) zu folgenden Zäiten do sinn. *
* Eenzel: 4.2. um 13.30 Auer C an D an um 14.30 Auer A an B
* Dubbel: 5.2. um 9.00 Auer C an D an um 10.00 Auer A an B
* Mixte: 5.2. um 13.30 Auer C an D an um 14.30 Auer A an B
Sidd der ze spéit, dann duerft dir net matspillen!
D'Landesmeeschterschaft ass k.o.
Hei den Text vun der FELUBA :
Le tirage des tableaux se fera sur place, seulement avec les joueurs présents ( !). Donc les joueurs doivent être présents dans le hall, samedi à 13.30 h pour les simples en catégories C et D, à 14.30 h pour les simples en catégories A et B, dimanche à 9.00 h pour les doubles en catégories C et D, à 10.00 h pour les doubles en catégories A et B et dimanche à 13.30 h pour les doubles-mixtes en catégories C et D, à 14.30 h pour les doubles-mixtes en catégories A et B. Il n’y a pas de convocations pour le Championnat National Individuel.


 

12-01-2012: Veteranelandesmeeschterschaft Umeldung

D'Veteranelandesmeeschterschaft ass den Weekend vum 28.-29. Januar zu Diddeleng (centre Hartmann). Mellt iech bis spéitstens den 16. Januar beim Annemarie.

 

12-01-2012: Jugendlandesmeeschterschaft Umeldung

D'Jugendlandesmeeschterschaft ass den Weekend vum 28.-29. Januar zu Diddeleng (centre Hartmann). Mellt iech bis spéitstens den 16. Januar beim Annemarie.
Dir kënnt iech och fräi mellen, wann der kee Partner hutt. Da kënnt der spillen, wann d'Federatioun een anere fënnt respektiv wann dee Weekend ee verletzt oder krank ass an dir deen dann ersetzt. Also eng gutt Iddi wann ee kee Partner huet.
Wichteg: Dir musst (!) zu folgenden Zäiten do sinn:
* Eenzel: 29.1. um 13.30 Auer Minimes, Scolaires et Juniors an um 14.30 Auer Bambini, Superminimes et Cadets
* Dubbel: 30.1. um 9.00 Auer Minimes, Scolaires et Juniors an um 10.00 Auer Bambini, Superminimes et Cadets
* Mixte: 30.1. um 13.30 Auer Minimes, Scolaires et Juniors an um 14.30 Auer Bambini, Superminimes et Cadets
Sidd der ze spéit, dann duerft dir net matspillen!
D'Landesmeeschterschaft ass k.o.
Hei den Text vun der FELUBA : Concerne : Le tirage des tableaux se fera sur place, seulement avec les joueurs présents ( !). Donc les joueurs doivent être présents dans le hall, samedi à 13.30 h pour les simples en catégories Minimes, Scolaires et Juniors, à 14.30 h pour les simples en catégories Bambini, Superminimes et Cadets, dimanche à 9.00 h pour les doubles en catégories Minimes, Scolaires et Juniors, à 10.00 h pour les doubles en catégories Bambini, Superminimes et Cadets et dimanche à 13.30 h pour les doubles-mixtes en catégories Minimes, Scolaires et Juniors, à 14.30 h pour les doubles-mixtes en catégories Bambini, Superminimes et Cadets. Il n’y a pas de convocations pour le Championnat National Individuel.


 

11-01-2012: Keen Seniorstraining méindes, den 16. Januar

Méindes den 16. Januar ass keen Erwuessenentraining um Holleschbierg.
Do spillen d'éischt an d'zweet Equipe.
De Kannertraining ass normal deen Dag.

10-01-2012: Europameeschterschaft

Den Akis ass sélectionéiert fir d'Europameeschterschaft « 2012 European Team Championship » zu Amsterdam vum 14. bis den 19. Februar 2012. Lëtzebuerg huet eng Häerenéquipe ugemellt a keng Dammen. Si spille géint Finnland, d'Ukraine an Island.

 

10-01-2012: Coupe

Hei d'Matcher vun der Coupe 2. Tour
Itzig 2 -  Schifflange 1
Itzig 1 -  Européen 1
Dat ass de Weekend vum 10/11/12.02.2012
Déi aner Matcher
Kayl 1 - Arlon 1
Bettembourg 1 - Jonglënster 1
Kayl 2 -  Reckange 1
Feulen 1 - Schifflange 2
Kehlen 1 - Jonglënster 2
Dudelange 1 - Wiltz 1


 

09-12-2011: Schéi Feierdeeg

Mir wënschen iech all schéi Feierdeeg an e sportlecht Joer 2012.

09-12-2011: Hal zou

D'Hal zu Izeg ass vum 14. Dezember u bis den 2. Januar zou. Et ass also keen Training méi dëst Joer vum 14.Dezember un zu Izeg.

28-11-2011: Chrëschtmaart

Den 10., 11. 17. an 18. Dezember ass de Chrëschtmaart bei der Gemeng zu Hesper. Mir hunn do e Stand. Wann een do hëllefe wëll (14.45-17.30 Auer oder 17.30-20.15 Auer), da sot dem Yves Bescheed.

28-11-2011: Kannertournoi

Den 4. Dezember ass de Kannertournoi bei eis. Wann ee vun iech e Kuch bake kann an deen de 4. Dezember op den Holleschbierg matbrénge kann, da sot dem Yves Bescheed.

31-10-2011: Kirmesbal

27-10-2011: Training an der Allerhellegevakanz

Kannertraining
An der Vakanz ass wéi ëmmer keen Kannertraining.
Seniorstraining
Méindes den 31. Oktober ass d'Hal besat an also keen Training.

 

25-10-2011: Youngsters 2011

18-10-2011: Fotoe vum Match Izeg1 - Schëffleng 1

18-10-2011: Kannertournoi

De 6. November ass ee Kannertournoi.
Mellt iech beim Annemarie bis den 24. Oktober
Grand-Prix 1 : SIMPLES ETTELBRUCK
DIMANCHE 06.11.11. à 9H30

14-10-2011: Masters 1

Den 1. Tournoi fir d'Senioren ass dëst Joer de 5. An 6. November
Mellt iech bei mir bis den Méinden, den 24. Oktober
Merci
Yves

Concerne : Inscriptions pour le Victor-Masters 1

Ci-joint les horaires et les lieux des différentes disciplines :

Masters 1

 Discipline   Lieu   Horaire
 Simple   Ettelbrück   Samedi, 05/11/2011 à 14.00 h
 Double   Ettelbrück   Dimanche, 06/11/2011 à 9.30 h
 Mixte   Ettelbrück   Dimanche, 06/11/2011 à 14.00 h

 

14-10-2011: Tournoien

Tournoien
Seniors :
Masters 1            05/06.11.2011            BC ETTELBRUCK
Masters 2            03/04.12.2011            BC KAYL
Masters 3            25/26.02.2012            BC KEHLEN
Masters 4            14/15.04.2012            BC DIFFERDANGE
Masters 5            12/13.05.2012            BC WOLZ
Championnats Nat. Individuels            04/05.02.2012            BC JUNGLINSTER
 
Jeunes :
G.P.1                        06.11.2011                        BC ETTELBRUCK
G.P.2                        04.12.2011                        BC IZEG
G.P.3                        26.02.2012                        BC WEILER-LA-TOUR
G.P.4                        15.04.2012                        BC BETTEMBOURG
G.P.5                        13.05.2012                        BC WEILER-LA-TOUR
Eliminatoires Coupe des Jeunes            10.12.2011            BC RECKANGE
Barrages/équipes championnes            19.05.2012            BC FEELEN            

Jeunes Vétérans :
Championnats Nat. Individuels                        28/29.01.2012            BC DUDELANGE

 

01-10-2011: Keen Training

Dëse Mëttwoch 28.9. ass keen Training vun 19.00 bis 22.00 Auer. Do ass ee Match.

29-09-2011: Artikel am Wort 24/09/2011

Gute Jugendarbeit

„Fiederball Izeg“ vor 30. Saison


Seit fast 30 Jahren wird in Itzig Badminton gespielt. Präsident Yves Olinger betonte in seiner Begrüßungsrede anlässlich der Generalversammlung, dass eine solide Jugendarbeit die einzige Möglichkeit ist, dauerhaft in der nationalen Spitze zu bestehen. Dies belegen die Resultate der abgelaufenen Saison.


Die Spielzeit 2010/2011 war auf sportlichem Gebiet sehr erfolgreich. Die erste Mannschaft wurde Vizelandesmeister und belegte somit seit 1998 immer einen Platz in den Top 3 der Meisterschaft. Die zweite Riege kam ins Halbfinale des Pokals und die dritte Mannschaft gewann den „Challenge de la Fédération“. Im Jugendbereich konnte u. a. die Minimesmannschaft den Landespokal gewinnen. Auch bei den individuellen Landesmeisterschaften überzeugten die Spieler aus Itzig. Claudine Barnig gewann das Dameneinzel, Philippe Hengen und Ben Speltz das Herrendoppel. Bei den Jugendlandesmeisterschaften gewann Itzig acht Titel. Der Verein will auch in den nächsten Jahren auf die bewährte Jugendarbeit aufbauen. Elf Trainer setzen sich dafür im Verein ehrenamtlich für die Jugend ein. Bürgermeister Marc Lies, in Anwesenheit der Schöffen Ali Thull, Théo Zeimes und Claude Lamberty, der Gemeinderäte Diane Adehm, Triny Spirinelli, Robert Leven und Robert Feyder, beglückwünschte den Verein für seine erfolgreiche Jugendarbeit.

Der Vorstand setzt sich wie folgt zusammen: Präsident: Yves Olinger; Vizepräsidenten: Xavier Laubi, Jean-Luc Olinger; Sekretärin: Marie-Josée Marson; Kassierer: Vito Perfido; beisitzende Mitglieder: Annemarie Nau, Manon Hoffmann, Martine Barnig, Georges Johaentges, Christopher Miller.

Sportlich tritt der Club in der Saison 2011/2012 mit sieben Mannschaften, darunter vier Jugendmannschaften, in der nationalen Meisterschaft an. Im außersportlichen Bereich steht als nächster Höhepunkt der „Kiermesbal“ am 4. November vor der Tür, den Fanfare, „FC Blo-Wäiss“ und „Fiederball Izeg“ gemeinsam organisieren. Am 4. Dezember organisiert der „Fiederball Izeg“ ein Kinder- und Jugendturnier auf Holleschbierg. (C.)

31-08-2011: Divisiounen 2010/2011 mat Izeger Equipen

Division Nationale
Schifflange 1
Izeg 1
Junglinster 1
Betebuerg 1
Dudelange 1
Feelen 1
Weiler 1
Kayl 1
 
Division 1
Ettelbreck 1
Européen 1
Schifflange 2
Izeg 2
Reckeng 1
Schifflange 3
Sandweiler 1
Wolz 1
 
Division 3
Walfer 2
Schetter 1
Izeg 3
Feelen 2
Differdange 1
Kehlen 1
Junglinster 3
Kayl 3
 
Cadets (6)
Betebuerg
Feelen
Izeg
Junglinster
Scheffleng
Schetter
 
Scolaires B (6)
Biwer
Diddeleng
Ettelbreck
Jonglenster
Kielen
Izeg
 
Minimes B (7)
Biwer
Ettelbreck
Izeg
Jonglenster 2
Kayl
Kielen 1
Walfer
 
Superminimes (8)
Betebuerg
Deifferdeng
Izeg
Junglinster 1
Junglinster 2
Kielen
Reckeng
Weiler

31-08-2011: Récompenses Gemeng

D’Gemeng organiséiert dëst Joer d’Journée des récompenses freides den 7. Oktober um 19.30 Auer um Houwald. Hei eis Umeldungen
BARNIG Claudine            championne nationale simple dames A; membre du cadre national
BARTHELMY Eddy            Équipe Minimes: Vainqueur de la Coupe de Luxembourg
BASTING Benny                        membre du cadre national
BERNARD Anastasia            membre du cadre national
DUMONT Gilles                       champion national double hommes C
HARGIONO Kevin            champion national simple hommes bambinis; champion national double hommes bambinis; membre du cadre national
HARGIONO Stefka            championne nationale simple dames scolaires; championne nationale double dames cadets; membre du cadre national
HEISCHBOURG Claude            champion national double mixte B
HENGEN Philippe            champion national double hommes A; membre du cadre national
HIPP Jessica                        Équipe Minimes: Vainqueur de la Coupe de Luxembourg
HOEROLD Maurice            champion national simple hommes D
HOFFMANN Manon            championne nationale double mixte D
HOFFMANN Vicky            membre du cadre national
LALLEMANG Claire            membre du cadre national; Équipe Minimes: Vainqueur de la Coupe de Luxembourg
MANDERSCHEID Linda            Équipe Minimes: Vainqueur de la Coupe de Luxembourg
MICHELS Joe                       membre du cadre national; ;
MILLER Christopher            champion national double hommes D; champion national double mixte D
NEUMANN Isabelle            championne nationale double mixte B
NEUMANN Victor            champion national simple hommes C; champion national double hommes C; champion national double mixte C; membre du cadre national
OBERWEIS Lara                        membre du cadre national
OLINGER Yves                       membre du cadre national
PONCIN Jérôme                       membre du cadre national
RAUSCH Ben                        membre du cadre national
SCHNEIDER Thomas            membre du cadre national; Équipe Minimes: Vainqueur de la Coupe de Luxembourg
SCHROEDER Zoé                       membre du cadre national
SCHUMMER Tom                        Équipe Minimes: Vainqueur de la Coupe de Luxembourg
SPELTZ Ben            champion national double hommes A; membre du cadre national
THOMAS Akis            champion national double hommes cadets; membre du cadre national
THOMAS Juno           champion national simple hommes minimes; champion national double hommes minimes; champion national double mixte minimes; membre du cadre national; Équipe Minimes: Vainqueur de la Coupe de Luxembourg
WAGNER Gilles                       champion national double hommes D
WEIDES Annick            championne nationale simple dames juniors; championne nationale double dames juniors; membre du cadre national

31-08-2011: ASSEMBLEE GENERALE ORDINAIRE 2011

Chers amis sportifs,

Nous avons le plaisir de vous inviter à l'assemblée générale ordinaire qui aura lieu
le vendredi 16 septembre 2011 à 19.00 heures dans la buvette du Hall sportif à Itzig (2 rue de l’école)
 
ORDRE DU JOUR
 
  1) Ouverture de l'assemblée par le président
  2) Rapport d'activité
  3) Rapport financier
  4) Rapport des commissaires aux comptes
  5) Décharge du conseil d'administration
  6) Elections
  7) Projet du budget et du programme pour 2011/2012
  8) Fixation de la cotisation pour 2011/2012
  9) Désignation des commissaires aux comptes pour 2011/2012
  10) Motions, propositions, discussion générale
  11) Mise à l’honneur des joueurs méritants de la saison 2010/2011
  12) Clôture de l'assemblée générale

Le conseil d'administration

03-06-2011: Trainingsschluss

Fir den Seniorstraining: Fir d’Senioren ass keen Training méi.
Fir de Kannertraining: Hei geet den Training méindes, dënschdes an mëttwochs normal weider bis den 1. Juli.

03-06-2011: Ofschlossfeier

Wéi all Joer wëlle mer den Ofschloss vun der Saison gebierteg feieren.
Dat ass dëst Joer Samschdes, den 18. Juni 2011
Deen Dag maach mer Geocaching. 
Uschléissend wëlle mer zesumme grillen an ee gemittlechen Owend matenee verbréngen an dem Sall am Duerf an der Hesperstrooss zu Izeg.
Geocaching: Rendezvous um 15.00 Auer am Sall am Duerf  zu Izeg
Den Apéro ass vun 18.00 Auer un.
De Grill ass um 19.00 Auer op 
Vergiesst nët Iech unzemelle bis spéitstens den 30. Mee beim Josée per Mail

12-05-2011: Minimes Coupegewënner

Eis Minimes (U13) si Coupegwënner 2010/2011. Si hunn an der Finale géint Déifferdeng 3 :2 gewonn. Si konnten den Dammeneenzel, den Häereneenzel an den Häerendubbel gewannen. Félicitatiounen dem Claire, Jessica, Linda, Eddy, Juno Thomas an Tom.

12-05-2011: Izeg 2 3. Plaz an der Coupe

Izeg 2 huet an der Coupe ganz knapp an der Halleffinale géint Schëffleng 2 verluer. Si hunn 4 :4 gedeelt, mee mat 8 :9 ee Saz manner gehat wéi de Géigner. Si konnten déi 3 Häreneenzel an den 2. Härendubbel gewannen.

Félicitatioune fir déi schéin 3. Plaz an der Coupe de Memberen vun eiser 2. Equipe : Isabelle, Sophie, Stefka, Akis, Claude, Laurent, Marc, Maurice a Victor 

14-04-2011: Coupe Resultater

Izeg 2 huet an der 1/4 Finall vun der Coupe mat 7-1 geint Weiler 1 gewonn.

Domat stinn sie lo an der Coupe Halleffinall dei den 8. Mai an der Coque wärt stattfannen.

Do treffen sie entweder ob Scheffleng 2 dei Jonglenster 1 elemineiert hun, ob Kayl 1 dei geint Walfer 1 5-3 gewonnen hun oder ob Feelen 1 dei sech geint Kayl 2 durchgesaat hun.

 

 

18-02-2011: Coupe Véirelsfinale

 An der Coupe huet Izeg 2 an der Véirelsfinale Heemrecht géint Weiler 1. Dee Match ass am Abrëll.

Hei all d’Matcher

Le tirage au sort a désigné les rencontres suivantes :

Walfer 1 - Kayl 1

Schifflange 2 - Junglinster 1

Itzig 2 - Weiler 1

Kayl 2 -Feulen 1

18-02-2011: Hal zou

 An der Vakanz ass Izeg wéi ëmmer zou. Den Holleschbierg ass vu méindes bis mëttwochs zou.

18-02-2011: Bilan Landesmeeschterschaften

 Am Resumé hu mer also elo 5 Dammen an 11 Hären, déi an deene verschiddene Kategorien (ABCD) an Altersklassen (Jugend) Landesmeeschter si ginn.  dëst ass  1méi wéi d’läscht Joer, an dat opwuel et dëst Joer keng Veteranelandesmeeschterschaft gouf.

Hei all eis Landesmeeschter am Resumé :

BARNIG Claudine championne nationale simple dames A;

HARGIONO Stefka championne nationale simple dames scolaires; championne nationale double dames cadets; 

HOFFMANN Manon  championne nationale double mixte D;

NEUMANN Isabelle   championne nationale double mixte B;

WEIDES Annick championne nationale simple dames juniors; championne nationale double dames juniors; 

DUMONT Gilles  champion national double hommes C;

HARGIONO Kevin champion national simple hommes bambinis; champion national double hommes bambinis; 

HEISCHBOURG Claude  champion national double mixte B;

HENGEN Philippe  champion national double hommes A;

HOEROLD Maurice champion national simple hommes D;

MILLER Christopher  champion national double hommes D; champion national double mixte D;

NEUMANN Victor champion national simple hommes C; champion national double hommes C; champion national double mixte C;

SPELTZ Ben  champion national double hommes A;

THOMAS Akis champion national double hommes cadets; 

THOMAS  Juno champion national simple hommes minimes; champion national double hommes minimes; champion national double mixte minimes; 

WAGNER Gilles champion national double hommes D;

18-02-2011: Bilan Jugendlandesmeeschterschaft

 Félicitatiounen dem 

  • Juno Thomas (Landesmeeschter am Eenzel, Dubbel a Mixte) 
  • dem Stefka Hargiono (Landesmeeschterinn am Eenzel an Dubbel),
  • dem Annick Weides (Landesmeeschterinn am Eenzel an Dubbel), 
  • dem Kevin Hargiono (Landesmeeschter am Eenzel an am Dubbel), 
  • dem Akis Thomas (Landesmeeschter am Dubbel) 

an all deenen, déi Vizelandesmeeschter

  • Tom Schummer (3*), 
  • Claire Lallemang, 
  • Isabelle Neumann, 
  • Stefka Hargiono, 
  • Vicki Hoffmann, 
  • Ben Rausch, 
  • Denis Barthelmy, 
  • Eddy Barthelmy, 
  • Thomas Schneider, 
  • Akis Thomas, 
  • Victor Neumann 

oder 3. gi sinn

  • Isabelle Neumann, (2*),
  • Ben Rausch, (2*),
  • Eric Sinner (2*), 
  • Victor Neumann (2*), 
  • Claire Lallemang, 
  • Jessica Hipp, 
  • Linda Manderscheid, 
  • Sophie Lessure, 
  • Sophie Reiners, 
  • Denis Barthelmy, 
  • Kevin Hargiono , 
  • Maurice Hoerold, 
  • Thibeau Hoerold

Nodeems mer d'läscht Joer 11 Titele gewonnen haten, sou hu mer der dëst Joer 8 (vun 30, also genee een Drëttel) mat op Izeg geholl. Mir waren dës Kéier also un 10Titele bedeelegt* (vun 30), sinn 9 mol Vizelandesmeeschter ginn an 12 mol déi 3. Dëst mécht en Total vun 31 Médailleplazen fir Izeg (géintiwwer 30 2010). Domat si mer rëm dee Club mat de meeschte Medaillen op der Jugendlandesmeeschterschaft. *”bedeelegt heescht, datt verschidden Dubbele mat Partner aus anere Clibb gespillt si ginn. 

Bei de Scolairen (d’Stefka den Dammeneenzel) gewanne mer 1 Titel, bei de Bambinis (den Kevin den Eenzel an den Dubbel),de Cadets (d’Stefka den Dammendubbel an den Akis den Häerendubbel) an de Junioren (d’Annick den Dammeneenzel an den Dammendubbel) gewanne mer 2 Titel a bei de Minimes der 3 (den Juno den Häreneenzel, den Häerndubbel an de Mixte. Keen Titel gewanne mer bei bei de Superminimes. Dëst Joer hu mer en équilibréierte Bilan tëscht de jonken an den « eeleren » Spiller. (5 vun 15 Titele bei, de Scolairen, de Cadeten an de Junioren verglach mat 5 vun 15 Titele bei de Bambinis, de Superminimes an de Minimes). 

En Izeger Podium gouf et bei de Cadeten am Häerendubbel (Akis, Victor, Maurice an Eric).

Finalë mat 2 Izeger gouf et bei de Minimes am Häereneenzel an am Mixte (Juno géint Tom) an am Häerendubbel (Juno géint den Tom an den Eddy). An allen 3 Disziplinnen um Podium waren d’Isabelle, d’Stefka, de Ben, de Juno, de Kevin, den Tom an de Victor. 

Keng Umeldungen hate mer bei de Bambinis-Meedercher a bei Juniors-Jongen, am Scolaires-Dammendubbel  an am Bambinis-Mixte, also 6 Kategorien, wou mer guer net ugetruede waren. Keng Médaille krute mer nieft dësen 6 Kategorië just bei de Superminimes am Häereneenzel a bei de Superminimes an de Minimes am Dammeneenzel. Vun deenen 24 Kategorien, wou mer ageschriwwe waren, hu mer der also 10 gewonn an an 21 op d’mannst eng Médaille gewonn. Wat d’Médaillen ugeet: Bei de Bambinien hate mer 2 Médaille gewonn. Bei de Superminimes sinn et der 3. Bei de  de Junioren gewanne mer 5 Médaillen, bei de Scolairen 6, bei de Minimes 7 a bei de Cadeten souguer 8. 

Wat déi eenzel Disziplinnen ugeet: D’Jonge ware méi erfollegräich wéi d’Meedercher. Mir hunn 2 Dammendubbel gewonn an 2 Dammeneenzel. Dogéint hunn d’Jongen 2 Eenzeltitelen an 3 Dubbeltitelen gewonn. Am Mixte hu mer 1 mol gewonn. 

Médaillë goufen et am Dammeneenzel 4. am Dammendubbel 5, am Mixte 6,  am  Häreneenzel 7 an am Härendubbel souguer 9. 

Am Asaz waren och d’Annemarie an de Xavier als Trainer. Hinne villmools Merci fir hiren Asaz.

18-02-2011: Bilan historique Landesmeeschterschaft

 Zënter 1984 (1987 fir den Dubbel an de Mixte) ginn zu Lëtzebuerg individuell Landesmeeschterschaften am A ausgespillt. Den Dammeneenzel hu mer 8 mol gewonn, den Häreneenzel 11 mol. Am Härendubbel hu mir bis elo 12 Titelen, am Dammendubbel der 11 an am Mixte der 12. An den Dubbeldisziplinnen hu mer verschidden Titelen zesumme mat Spiller aus anere Clibb gewonn. 

Et war eng ongewéinlech Landesmeeschterschaft am A. Kee Landesmeeschter vun 2010 konnt säin Titel verteidegen. Dat erkläert e.a. och folgend Punkten: Fir d’läscht « nëmmen » zwee Titelen am A gouf et fir Izeg 2000. Weider Serien, déi gerass sinn: Fir d’éischt zënter 2001 hu mer den Titel am Mixte net gewonn. Am Dammendubbel si mer fir d’éischt zënter 2003 net ganz uewen. Am Häereneenzel hate 2004 fir d’läscht net gewonn an dëst Joer fir d’éischt zënter 1996 kee Spiller an der Finale. Emsou méi Freed man den Titel am Dammeneenzel (dovirdrun hu mer schonn 1992. 1993. 2001 a vun 2004 bis 2007 gewonn) an am Häerendubbel (wou mer zënter 1998 just an de Joren 2000 an 2010 net gewonn hunn).

Zënter 1999 hu mir just 2004 an dëst Joer den  Häreneenzel net gewonn. Den Dammendubbel hu mer 1987, 1988, 1989, 2002 a vun 2004 bis 2010 gewonn. De Mixte gouf  1997, 1998, 2000 a vun 2002 bis 2010 gewonn. 

Izeg ass dee mat Ofstand erfollegräichste Club op den individuelle Landesmeeschterschaften. Mir hu méi wéi een Drëttel vun all den Titelen am A gewonn (54 vun 131). An deene leschten 10 Joer hu mer vun 50 Titelen (10*5: HE, DE, HD, DD, XD) der 39 gewonn, an deene leschte 5 Joer vun 25 der 18. 

Hei läit Izeg mat 54 Titelen (dovun 8 gedeelten*) virun Diddeleng mat 27 (6*), Aris mat 14 (7*), Walfer mat 13 (4*), Ettelbréck mat 12 (6*), Koplescht mat 10, Beetebuerg mat 8 (3*), Schëffleng mat 9 (6*), Jonglënster mat 2 (2*) a Schëtter a Wolz mat jee engem.

* Hei fannt Dir Titelen, déi ee Spiller aus deem Club zesumme mat engem Spiller aus engem anere Club gewonn huet. 

Am Tableau sinn d'Landesmeeschtertitele am A pro Club an Disziplin regruppéiert. 

 

 

HE

HD

HD ½*

DE

DD

DD ½*

XD

XD ½*

Izeg

11

9

3

8

6

5

12

 

Diddeleng

6

1

2

8

3

4

3

 

Aris

 

 

 

5

2

3

 

4

Walfer

3

6

1

 

 

 

 

3

Ettelbréck

 

 

2

2

2

2

3

2

Koplëscht

6

3

 

 

 

 

1

 

Schëffleng

1

 

3

1

 

3

1

 

Beetebuerg

 

 

 

4

1

3

 

 

Jonglënster

 

 

1

 

 

 

 

1

Wolz

 

 

 

 

1

 

 

 

Schuttrange

1

 

 

 

 

 

 

 

 

HE Häreneenzel, HD Härendubbel, DE Dammeneenzel, DD Dammendubbel, XD Mixtedubbel ; ½ : Hei fannt Dir Titelen, déi ee Spiller aus deem Club zesumme mat engem Spiller aus engem anere Club gewonn huet

18-02-2011: Bilan Seniors-Landesmeeschterschaft

 Dëse Weekend war d’Landesmeeschterschaft. Félicitatioune fir all déi, déi Landesmeeschter si ginn oder eng Médaille gewonn hunn:

* Claudine Barnig (Landesmeeschterin am Eenzel, Finalistin am Dubbel A)

* Ben Speltz (Landesmeeschter am Dubbel A)

* Philippe Hengen (Landesmeeschter am Dubbel A)

* Isabelle Neumann (Landesmeeschterin am Mixte B, drëtt Plaz am Eenzel B)

* Claude Heischbourg (Landesmeeschter am Mixte B)

* Victor Neumann (Landesmeeschter am Eenzel, Dubbel a Mixte C)

* Gilles Dumont (Landesmeeschter am Dubbel C)

* Christopher Miller (Landesmeeschter am Dubbel an am Mixte D)

* Maurice Hoerold (Landesmeeschter am Eenzel D, drëtt Plaz am Dubbel D)

* Manon Hoffmann (Landesmeeschterin Mixte D)

* Gilles Wagner (Landesmeeschter am Dubbel D)

* Annick Weides (Finalistin am Dubbel A, drëtt Plaz am Eenzel an am Mixte A)

* Akis Thomas ( drëtt Plaz am Dubbel B)

* Thibeau Hoerold (drëtt Plaz am Dubbel D)

Allgemeng gekuckt war dëst Joer e ganz staarke Cru: Am Ganze goufen et 20 Titelen ze gewannen (4 Kategorien -ABCD- an all kéiers 5 Disziplinnen: Dammen- an Hären- Eenzel an-Dubbel plus Mixte).Dovun hu Spiller vum Fiederball Izeg 9 Titele gewonn. Domat si mer natierlech kloer den erfollegräischte Veräin.

Dat ass méi wéi d’Duebelt vum läschte Joer. 1 mol si Spiller vun Izeg an d’Finale komm an hunn do verluer. 5 mol si Spiller vun Izeg op déi 3. Plaz komm. Am A hunn eis Spiller 2 vun 5 Titele gewonn (d’Claudine den Dammeneenzel an de Ben an de Philppe den Härendubbel), 1 mol de Finalist gestallt (d’Claudine an d’Annick am Dammendubbel) a zwou drëtt Plazen (d’Annick am Dammeneenzel an am Mixte). Dat waren dem Claudine säin 19. Titel am A, fir de Philippe wor et d’Nummer 15 a fir de Ben war et den Titel Nummer 5.

Am B gewannen d’Isabelle an de Claude de Mixte, d’Isabelle gëtt dat 3. am Dammeneenzel an den Akis kënnt an d’Halleffinale am Häerendubbel. Am C gewënnt de Victor den Eenzel, de Mixte a mam Gilles den Dubbel. Am D huet de Christopher mam Gilles den Härendubbel a mam Manon de Mixte gewonn, de Maurice huet den Häreneenzel gewonn an ass am Dubbel mam Thibeau an d’Halleffinale komm. 

An allen 3 Disziplinnen um Podium waren d’Annick an de Victor. Eise jéngste Landesmeeschter huet 16 Joer, deen eelsten 34. 

Izeg huet 9 Titele gewonn an 15 Médailleplazen (idem wéi 2010: 9 mol déi 1., 1 mol déi 2. an 5 mol déi 3.). Wat d’Médaillen ugeet: Am A gewanne mer der 5 (géint 9 2010), am B 3, am C 3 an am D 4. Wat déi eenzel Disziplinnen ugeet: Am Dammeneenzel hu mir 1 vun 4 Titel gewonn, am Häreneenzel an am Härendubbel 2 vu 4 Titele gewonn an am Mixte souguer 3. Am Dammendubbel hu mer keen Titel gewonn. Médaillë goufen et am Dammendubbel 1, am Häereneenzel 2, am Dammeneenzel 3, am Mixte 4 an am Härendubbel 5.

 Am Asaz waren och d’Annemarie, de Jean-Luc an de Xavier als Trainer. Hinne villmools Merci fir hiren Asaz.

29-01-2011: Coupe

Mir spillen an der Coupe 2 mol géint Schëffleng: Izeg 2 géint Schëffleng 1 an Izeg 1 géint Schëffleng 2

Coupe de Luxembourg 2ième tour 
Le tirage au sort a désigné les rencontres suivantes :
Feulen 1 - Bettembourg 1
Weiler 1 - Wiltz 1
Walfer 1 - Européen 1
Schifflange 2 - Itzig 1
Itzig 2 - Schifflange 1
Kayl 1 - Junglinster 2
Reckeng 1 - Kayl 2
Arlon 1 -  Junglinster 1
Les matchs sont à jouer au courant du weekend du 12/13 février 2011

16-12-2010: Kabaret Peffermillchen 22. Januar

  Den 22. Januar um 20.00 Auer

spillt d’Peffermillchen hire Kabaretprogramm 
“Wou ass hei den Noutausgang?” 
zu Izeg an der Sporthal (2 rue de l’Ecole).

Reservéiert Är Plazen 
um Telefon 36 02 66 (Barnig, 18.00-21.00 Auer) 
oder per Mail xavier.laubi@gmail.com
Entrée 15 €

Organiséiert vum Fiederball Izeg


16-12-2010: Training an der Vakanz

  An der Vakanz ass den Holleschbierg lo iewer eng Woch op. 
Den Dëschtennis Houwald an de Fiederball Izeg man zesummen an der Vakanz e bëssen eppes fir d'Konditioun. Wéini? Den 27., 28., 29. an 30. Dezember (vu Méindes bis Donneschdes) moies vun 9.30 Auer bis 11.30 Auer um Holleschbierg an der Hal, Wat? Et gëtt sech uerdentlech waarm gemat, verschidden Übunge fir d'Konditioun / Kraaft / Schnellegkeet an duerno normalerweis Fussball (heinsdo vläit och en anere Sport) gespillt. Déi, déi interesséiert sinn (ab 12 Joer), kënne gäre laanscht kommen a mat man.

16-12-2010: Schéi Feierdeeg

  De Comité wënscht iech schéi Feierdeeg an e sportlecht Joer 2011.

05-12-2010: Coupe des jeunes

  An der Coupe hate mer eng Minimeséquipe ugemellt.
An der Véirelsfinale géint Jonglënster 1 hu mir 4:1 gewonn. An der Halleffinale géint Walfer 1 war et du beim 3:2 méi knapp.
D’Finale ass sonndes, den 8. Mee mëttes um 12.00 Auer an der Coque.
Félicitatiounen dem Claire, dem Jessica, dem Juno an dem Tom.

05-12-2010: Challenge

  Eis drëtt Équipe huet de Challenge gewonn.
An der Véirelsfinale war Kayl 3 de Géigner. 6:1 huet eis Équipe do gewonn.
An der Halleffinale hu mer du géint Schëffleng 4 5:1 gewonn.
Du stounge mer an der Finale. De Géigner war Kayl 2 a mir hunn 5:3 gewonn.
Félicitatiounen dem Annemarie, dem Sophie, dem Christopher, dem Eric, dem Gilles, dem Maurice an dem Victor.

19-11-2010: Coupe

Vun der FELUBA: Suite à l¹inscription de 17 équipes pour le 1ier tour de la
Coupe de Luxembourg, le tirage au sort a désigné une seule rencontre :Kehlen
1 ­ Arlon 1. Ce match aura lieu au courant du weekend prévu du 18./19
décembre 2010. 
Le vainqueur de cette rencontre ainsi que les équipes suivantes seront
qualifiées pour le 2ième tour (12 et 13 janvier 2011) : Reckeng 1 ­ Européen
1 ­ Bettembourg 1 ­ Weiler 1 ­ Walfer 1 ­ Wolz 1 ­ Izeg 1 ­ Izeg 2 ­ Kayl 1
­ Kayl 2 ­ Feelen 1 ­ Junglinster 1 ­ Junglinster 2 ­ Schifflange 1 ­
Schifflange 2.

19-11-2010: Challenge

Vun der FELUBA: ³1/8 finales : Kayl 2 ­ Kehlen 1;  Wolz 1 ­ Junglinster 3
Les 2 matchs auront lieu le 4.12.2010 au Hall Multisports à Weiler-la-Tour à
partir de 14.30 heures. Rendez-vous pour les équipes à 14.00 heures.
Les équipes qualifiées pour les 1%u017D4 finales sont priées d¹être présents à
16.00 heures (tirage au sort) et les rencontres débuteront à 16.30 heures.
Les équipes qualifiées pour les 1%u017D4 finales sont : Weiler 2 ­ Kayl 3 ­
Bettembourg 2 ­ Izeg 3 ­ Reckeng 2 ­ Schifflange 4 et les vainqueurs des 2
rencontres de 14.30 heures. Les 1%u017D2 finales et la finale auront lieu le
dimanche 5 décembre à partir de 9.30 heures (rendez-vous 9.00 heures)
toujours au Hall à Weiler-la-Tour.

19-11-2010: Chrëschtmaart

Wéi d'läscht Joer si mir och um Chrëschtmaart bei der Hesper Gemeng.
Mir sinn dëst Joer samschdes den 18. an sonndes den 19. Dezember am Asaz.
Mir verkafe Glühwäin an Schocki.
Wann der do hëllefe wëllt, da mellt iech w.e.g. beim Josée.
Et sinn ëmmer 2 Stonnen: 14.15-16.15; 16.15-18.15 an 18.15-20.15 Auer.

19-11-2010: Traininger mëttwochs zu Izeg

Den 24. November ass d'Hal zou an also keen Training fir déi Kleng a fir déi
Grouss.

26-10-2010: Kiermesbal

De Kiermesbal ass dëst Joer den 5. November.

KiermesbalKiermesbal

12-10-2010: Masters

  Den nächste Masters ass den 6. An 7. November an der Hal zu Rëmleng. 
Mellt iech un bei mir per Mail bis den 25. Oktober
Masters 1
  Discipline   Lieu   Horaire   
  Simple   Rumelange   Samedi, 06/11/2010 à 14.00 h   
  Double   Rumelange   Dimanche, 07/11/2010 à 9.30 h   
  Mixte   Rumelange   Dimanche, 07/11/2010 à 14.00 h 

30-09-2010: Cotisatioun 2010/2011

Op der Generalversammlung gouf d'Cotisatioun ugeholl. Dofir iwwerweist w..e.g. Äre Beitrag op de Kont CCPL IBAN LU26 1111 0761 6924 0000 vum Fiederball Izeg
Compétiteurs > 18 ans                                100 €
Compétiteurs jeunes                                      75 €
2 Compétiteurs jeunes par famille                 120 €
3 Compétiteurs jeunes par famille                 150 €
Membre donateur                                10 € ou plus

30-09-2010: Internationalen Kanner - a Jugendtournoi an der Coque

Den 23. An 24. Oktober ass den  Internationalen Kanner - a Jugendtournoi an der Coque
Mellt iech beim Yves bis e Méinden, den 4. Oktober.

28-09-2010: Keen Training 29. September

E Mëttwoch, den 29. September ass keen Training zu Izeg fir d'Erwuessen um 19.00 Auer. Do ass e Match.

23-09-2010: Badminton WM 2010

D´Biller vun der Badminton WM 2010 vu Parais sinn online!

25-08-2010: All Matcher

All d'Matcher fënnt een och op http://www.feluba.lu ënner Aktuelles.

25-08-2010: Journée des récompenses vun der Gemeng

D'Journée des récompenses vun der Gemng ass den Freiden, den 19. November um 19.30 Auer um Houwald an der Hal.

23-08-2010: Assemblée générale ordinaire 2010

Chers amis sportifs,

Nous avons le plaisir de vous inviter à l'assemblée générale ordinaire qui aura lieu
le vendredi 24 septembre 2010 à 19.00 heures dans la salle « am Duerf » à Itzig (rue de Hesperange)

ORDRE DU JOUR

  1. Ouverture de l'assemblée par le président
  2. Rapport d'activité
  3. Rapport financier
  4. Rapport des commissaires aux comptes
  5. Décharge du conseil d'administration
  6. Elections
  7. Projet du budget et du programme pour 2010/2011
  8. Fixation de la cotisation pour 2010/2011
  9. Désignation des commissaires aux comptes pour 2010/2011
  10. Motions, propositions, discussion générale
  11. Mise à l’honneur des joueurs méritants de la saison 2009/2010
  12. Clôture de l'assemblée générale

Le conseil d'administration 

20-06-2010: Saisonsvirbereedung

Hei en annexe d'Zäite vun der Saisonsvirbereedung. 
Den éischte Rendezvous ass Méindes, den 16. August um 19.30 Auer um Holleschbierg.
All Spiller  vu 12 Joer u sinn invitéiert, do mat ze man.
Déi 2 éischt Wochen ass wéi all Joer vu méindes bis freides Konditiounstraining zesumme mam Dëschtennis Houwald. 
Duerno ass méindes, mëttwochs a freides Training. Do braucht dir ëmmer är Saache fir Lafen ze goen an är Saache fir Badminton ze spillen. Donneschdes ass fräit Spill.
Probéiert pro Woch op d’mannst 2 mol op den Training ze kommen.
Den normale Programm geet Mëttwochs, den 15. September un. 
N.B. Um Holleschbierg gëtt de Buedem frësch gemeet. Do ass d’Hal zou vum 28. Juni bis de 15. August. Et ka sinn, datt dat méi laang geet. Da gitt der informéiert.

Zäiten Saisonsvirbereedung

Méindeg   16/08/10   19.30-20.45 Auer   Holleschbierg   Saisonsvirbereedung   
Dënschdeg   17/08/10   19.30-20.45 Auer   Holleschbierg   Saisonsvirbereedung   
Mëttwoch   18/08/10   19.30-20.45 Auer   Holleschbierg   Saisonsvirbereedung   
Donneschdeg   19/08/10   19.30-20.45 Auer   Holleschbierg   Saisonsvirbereedung   
Freideg   20/08/10   19.30-20.45 Auer   Holleschbierg   Saisonsvirbereedung   
Méindeg   23/08/10   19.30-20.45 Auer   Holleschbierg   Saisonsvirbereedung   
Dënschdeg   24/08/10   19.30-20.45 Auer   Holleschbierg   Saisonsvirbereedung   
Mëttwoch   25/08/10   19.30-20.45 Auer   Holleschbierg   Saisonsvirbereedung   
Donneschdeg   26/08/10   19.30-20.45 Auer   Holleschbierg   Saisonsvirbereedung   
Freideg   27/08/10   19.30-20.45 Auer   Holleschbierg   Saisonsvirbereedung   
Méindeg   30/08/10   19.00-21.00 Auer   Holleschbierg   Training   
Mëttwoch   01/09/10   19.00-21.00 Auer   Itzig   Training   
Donneschdeg   02/09/10   18.00-20.00 Auer   Holleschbierg   Fräit Spill   
Freideg   03/09/10   19.00-21.00 Auer   Itzig   Training   
Méindeg   06/09/10   19.00-21.00 Auer   Holleschbierg   Training   
Mëttwoch   08/09/10   19.00-21.00 Auer   Itzig   Training   
Donneschdeg   09/09/10   18.00-20.00 Auer   Holleschbierg   Fräit Spill   
Freideg   10/09/10   19.00-21.00 Auer   Itzig   Training   
Méindeg   13/09/10   19.00-21.00 Auer   Holleschbierg   Training  

20-06-2010: Saison 2010/2011

 Fir d'Saison 2010/2011 wëlle mir 3 Seniorséquipen a 4 Kanneréquipen (2 Scolaires, eng Minimes an eng Cadets) umellen .
Fir datt mer dat plange kënnen, musse mer wëssen, wat dir d’nächst Joer wëlles hutt. Wann dir eppes Extraes hutt fir 2010/2011 (manner Zäit, aner Interessen, ...), da sot w.e.g dem Annemarie Bescheed. 

20-06-2010: Saisonsschluss

De leschten Kannertraining ass dëse Méinden, den 21. Juni.
Fir déi Grouss: Den Holleschbierg ass zou vum 28. Juni un. Izeg ass op bis den 15. Juli.

11-06-2010: Wibbel an Dribbel

Fir de Wibbel an Dribbel 2010: Mellt iech un bei der FELUBA (feluba@feluba.lu), wann der interesséiert sitt. Weider Detailer: « Wibbel & Dribbel 2010 » Le tradionnel « WIBBEL & DRIBBEL » aura lieu à la « Coque » du 08 au 14.07.2010. Comme tous les ans à cette occasion, la FELUBA qui sera chargée de l%u2019organisation d%u2019un atelier de badminton, lance un appel de candidatures pour assumer l%u2019organisation. Conditions à remplir : - Avoir des notions de badminton pour pouvoir les transmettre aux sportifs(ves) présent(e)s. - Disponibilités : de 08:30 à 16:30 hrs. Rémunération : - La présence lors de cette manifestation sera rémunérée à titre de 50.-Eur. par jour. Les candidatures sont à adresser au secrétariat de la FELUBA jusqu%u2019au 18.06.2010. avec indication impérative de : Nom,Prénom,date de naissance, adresse et No de compte bancaire.>

08-05-2010: Saisonsofschloss

Wéi all Joer wëlle mer den Ofschloss vun der Saison gebierteg feieren. Duerfir huelt Iech alleguer de Samschden, den 5. Juni näischt vir, well dann organiséiert de Fiederball Izeg seng Ofschlossfeier. Deen Dag ass ee Pokertournoi an dem Sall am Duerf an der Hesperstrooss zu Izeg. Uschléissend wëlle mer zesumme grillen an ee gemittlechen Owend matenee verbréngen. Poker: Rendezvous um 16.00 Auer am Sall am Duerf zu Izeg Den Apéro ass vun 18.00 Auer un. De Grill ass um 19.00 Auer op De läschten Dësch vum Poker ass um 21.00 Auer Vergiesst nët Iech unzemelle bis spéitstens den 30. Mee beim Josée per Mail

30-04-2010: Bilan Jugendéquipen no der regulärer Saison

D’Minimes si Champion
D’Minimes si Champion. Si hu vun hiren 12 Matcher der 12 gewonn a leien 4 Punkte virun dem 2. Félicitatiounen dem Cathia, Jessica, Linda, Mandy, Sarah, Ben, Juno, Maurice, Tom.
D’Scolairen stinn an der Final fir de Championstitel
D’Scolairen hunn all hir 10 Matcher gewonn a spille lo an der Finale ëm de Championstitel géint den éischten am anere Bezierk, Schëffleng 1. Izeg 2 sinn déi véiert an hirem Bezierk ginn. Si hu vun 10 Matcher der 3 gewonn an der 7 verluer.
D’Superminimes sinn déi 8.
D’Superminimes, wou mer eng ganz jonk Équipe hunn, sinn déi aacht ginn Si hu vu 14 Matcher der 2 gewonn, 2 gläichgespillt an der 10 verluer.

30-04-2010: Bilan Seniorséquipen

Izeg 1 ass Vize-Champion
Dëst Joer ass Izeg 1 Vize-Champion. Mir hunn an dëser Saison vun 14 Matcher der 12 gewonn, ee gläich gespillt an ee verluer.
Izeg 2 déi zweet
Eis zweet Équipe hat e staarke Start an d’Saison, mä huet leider (och duerch Verletzungspech) vun deene leschten 5 Matcher der dräi verluer an 2 gläichgespilllt. An der ganzer Saison hu si vun 12 Matcher der 6 gewonn, 2 gläichgespillt an der 4 verluer. Et sollt iewer nach duergoe fir op déi zweet Plaz ze kommen. Domat steet d’zweet Équipe op enger Opstiegsplaz, ass iewer net opgestigen, well just eng Équipe pro Club an der Nationaldivisioun spille kann.
Izeg 3 déi aacht
Izeg 3 ass d’läscht Joer an d’zweet Divisioun opgestigen an hat dëst Joer eng gréisstendeels nei Équipe. Si hu vu 14 Matcher ee Match gläichgespillt an der 13 verluer a spillen d’nächst Saison an der drëtter Divisioun.

Next Events