Check out this news

Bilan historique Landesmeeschterschaft

Zënter 1984 (1987 fir den Dubbel an de Mixte) ginn zu Lëtzebuerg individuell Landesmeeschterschaften am A ausgespillt. Den Dammeneenzel hu mer 10 mol gewonn, den Häreneenzel 11 mol. Am Härendubbel hu mir bis elo 13 Titelen, am Dammendubbel der 11 an am Mixte der 12. An den Dubbeldisziplinnen hu mer verschidden Titelen zesumme mat Spiller aus anere Clibb gewonn.
No engem Titel 2012 gouffen et dëst Joer rëm zwee Titelen am A. Am Dammeneenzel hu mir fir d’drëtt hannertenee gewonn (dovirdrun hu mer schonn 1992. 1993. 2001, vun 2004 bis 2007, 2011 an 2012) an am Häerendubbel stounge mer och ganz uewen (wou mer virdrunn1998,1999, 2001 bis 2009 an 2011 gewonn hunn).
Zënter 1999 hu mir just 2004 an dëst Joer den  Häreneenzel net gewonn. Den Dammendubbel hu mer 1987, 1988, 1989, 2002 a vun 2004 bis 2010 gewonn. De Mixte gouf  1997, 1998, 2000 a vun 2002 bis 2010 gewonn.
Izeg ass dee mat Ofstand erfollegräichste Club op den individuelle Landesmeeschterschaften. Mir hu méi wéi een Drëttel vun all den Titelen am A gewonn (57 vun 141).
Hei läit Izeg mat 57 Titelen (dovun 9 gedeelten*) virun Diddeleng mat 31 (7*), Aris mat 14 (7*), Schëffleng mat 13 (8*), Walfer mat 13 (4*), Ettelbréck mat 13 (6*), Koplescht mat 10, Beetebuerg mat 9 (3*), Jonglënster mat 2 (2*) a Schëtter a Wolz mat jee engem.
* Hei fannt Dir Titelen, déi ee Spiller aus deem Club zesumme mat engem Spiller aus engem anere Club gewonn huet.

Join us

For the little ones starting out on a lifelong love of badminton or for adults who chooses to swing a badminton raquet.
Beside our mother language luxembourgish, we speak english, french, german and maybe more...
Everyone is welcome in our club.