Check out this news

Bilan Jugend Landesmeeschterschaft

Félicitatiounen de Landesmeeschter

·      Juno Thomas (Landesmeeschter am Eenzel, Dubbel a Mixte Scolaires U15)
·      Kevin Hargiono (Landesmeeschter am Eenzel, Dubbel a Mixte Superminimes U11)
·      Claire Lallemang (Landesmeeschter am Dubbel an Mixte Minimes U13)
·      Stefka Hargiono (Landesmeeschterin am Eenzel Cadets U17 an Mixte Juniors U19)
·      Svenja Besch (Landesmeeschterin am Dubbel an Mixte Superminimes U11)
·      Akis Thomas (Landesmeeschter am Dubbel an Mixte Juniors U19)
·      Ben Rausch (Landesmeeschter am Dubbel an Mixte Cadets U17)

an all deenen, déi Vizelandesmeeschter

·      Stefka Hargiono (Vizeandesmeeschterin am Dubbel Cadets U17)
·      Thomas Schneider (Vizelandesmeeschter Dubbel Minimes U13)
·      Victor Neumann (Vizelandesmeeschter Eenzel Juniors U19)

oder 3. gi sinn

·      Tom Schummer (3. Plaz am Eenzel Scolaires U15 an am Dubbel Cadets U17)
·      Cathia Heister (3. Plaz am Dubbel Cadets U17)
·      Lynn Scheifer (3. Plaz am Dubbel Cadets U17)
·      Svenja Besch (3. Plaz am Eenzel Superminimes U11)
·      Vicky Hoffmann (3. Plaz am Dubbel  Minimes U13)
·      Akis Thomas (3. Plaz am Eenzel Juniors U19)
·      Ben Rausch (3. Plaz am Eenzel Cadets U17)
·      Denis Barthelmy (3. Plaz am Dubbel Cadets U17)
·      Maurice Hoerold (3. Plaz am Eenzel Juniors U19)

Nodeems mer d'läscht Joer 5 Titele gewonnen haten, sou hu mer der dëst Joer 14 (vun 30, also bal d’Halschent) mat op Izeg geholl. Mir waren dës Kéier also un 14Titele bedeelegt* (vun 30), sinn 3 mol Vizelandesmeeschter ginn an 8 mol déi 3. Dëst mécht en Total vun 25 Médailleplazen fir Izeg. Domat si mer rëm dee Club mat de meeschten Titelen an de meeschte Médaillen op der Jugendlandesmeeschterschaft. *”bedeelegt heescht, datt verschidden Dubbele mat Partner aus anere Clibb gespillt si ginn.
Bei de Junioren U19 (d’Steka an den Akis de Mixte an den Akis den Häerendubbel) an de Mimines U13 (d’Claire den Dammendubbel an de Mixte) gewanne mer jee 2 Titel, bei de Scolairen U15 (den Juno den Häereneenzel, den Häerendubbel an de Mixte) an de Cadets U17 (d’Stefka den Dammeneenzel, de Ben den Häerendubbel an de Mixte) gewanne mer jee  3 Titel a bei de Super-Minimes U11 der 4 (d’Svenja den Dammendubbel, de Kevin den Häereneenzel an den Häerendubbel an d’Svenja mam Kevin de Mixte). Keen Titel gewanne mer bei bei de Bambinis U9. Do hate mer och keen ugemellt, wat et schwéier mécht, ze gewannen.

Dëst Joer gewanne mer liicht méi Titele bei den « eeleren » Spiller. (8 vun 15 Titele bei, de Scolairen U15, de Cadeten U17 an de Junioren U19 verglach mat 6 vun 15 Titele bei de Bambinis U9, de Superminimes U11 an de Minimes U13).
3 Leit um Podium hat mer beim Juniors U19-Häereneenzel (Victor, Maurice an Akis).

An allen 3 Disziplinnen um Podium waren d’Svenja, d’Stefka, de Kevin, de Juno, de Ben an den Akis.

Keng Umeldungen hate mer bei de Bambinis U9, de Juniors U19-Meedercher a Scolaires U15-Meedecher, also 9 Kategorien, wou mer guer net ugetruede waren. Keng Médaille krute mer nieft dësen 9 Kategorië just bei de Minimes U13 am Dammen- an am Häereneenzel. Vun deenen 21 Kategorien, wou mer ageschriwwe waren, hu mer der also 14 gewonn (2/3) an an 19 op d’mannst eng Médaille gewonn. Wat d’Médaillen ugeet: Bei de Scolaires U15  sinn et der 3. Bei de Minimes U11 gewanne mer 4 Médaillen, bei de Superminimes U11 an de Junioren U19 gewanne mer jee 5 Médaillen, a bei de Cadeten U17 souguer 7.
Wat déi eenzel Disziplinnen ugeet: D’Jonge ware méi erfollegräich wéi d’Meedercher. Mir hunn 2 Dammendubbel gewonn an 1 Dammeneenzel. Dogéint hunn d’Jongen 2 Eenzeltitelen an 4  Dubbeltitelen gewonn. Am Mixte hu mer 5 mol gewonn, also iwwerall, wou mer ugetruede waren.

Médaillë goufen et am Dammeneenzel 2, am Dammendubbel 4, am Mixte 5,  am  Häerendubbel 6 an am Häereneenzel souguer 7.

Am Asaz waren och d’Annemarie an de Xavier als Trainer an de Vito als Arbiter. Hinne villmools Merci fir hiren Asaz.

All d’Resultater fannt dir hei
http://tournamentsoftware.com/sport/draws.aspx?id=BA6E16EB-741C-4734-B497-F275C8F267A4
<http://tournamentsoftware.com/sport/draws.aspx?id=BA6E16EB-741C-4734-B497-F275C8F267A4>
 

Join us

For the little ones starting out on a lifelong love of badminton or for adults who chooses to swing a badminton raquet.
Beside our mother language luxembourgish, we speak english, french, german and maybe more...
Everyone is welcome in our club.