Check out this news

Bilan Seniors Landesmeeschterschaft

Dëse Weekend war d’Landesmeeschterschaft.
Félicitatioune fir all déi, déi Landesmeeschter si ginn

  • Claudine Barnig (Landesmeeschterin am Eenzel A,
  • Akis Thomas (Landesmeeschter am Dubbel A)
  • Isabelle Neumann (Landesmeeschterin am Dubbel B, Landesmeeschterin am Mixte B)
  • Laurent Goldschmit (Landesmeeschter am Mixte B)
  • Ben Rausch (Landesmeeschter am Eenzel am Dubbel C)
  • Juno Thomas (Landesmeeschter am Dubbel C)

an all deenen, déi Vizelandesmeeschter

  • Claudine Barnig (Finalistin am Mixte A)
  • Maurice Hoerold (Finalist am Eenzel B an am Dubbel B)
  • Victor Neumann (Finalist am Dubbel B)
  • Pierre Schumacher (Finalist am Eenzel D an am Dubbel D)
  • Eric Sinner (Finalist am Dubbel D)

oder déi drëtt gi sinn

  • Claudine Barnig (drëtt Plaz Dubbel A)
  • Annick Weides (drëtt Plaz am Mixte A)
  • Luc Heischbourg (drëtt Plaz am Mixte A)
  • Sophie Reiners (drëtt Plaz Dubbel B)
  • Cathia Heister (drëtt Plaz am Mixte D)
  • Eric Sinner (drëtt Plaz am Mixte D)

Allgemeng gekuckt war dëst Joer e gudde Cru: Am Ganze goufen et 20 Titelen ze gewannen (4 Kategorien -ABCD- an all kéiers 5 Disziplinnen: Dammen- an Hären- Eenzel an-Dubbel plus Mixte).Dovun hu Spiller vum Fiederball Izeg 6 Titele gewonn.
5 mol si Spiller vun Izeg an d’Finale komm an hunn do verluer. 5 mol si Spiller vun Izeg op déi 3. Plaz komm.

Am A hunn eis Spiller 2 vun 5 Titele gewonn (d’Claudine den Dammeneenzel an den Akis den Härendubbel), 1 mol de Finalist gestallt (d’Claudine am Mixte) an zwou drëtt Plazen (d’Claudine am Dammendubbel an d’Annick an de Luc am Mixte). Dat waren dem Claudine säin 21. Titel am Aan dem Akis säin 1, Titel.

Am B gewannen d’Isabelle den Dammendubbel an d’Isabelle an de Laurent de Mixte. De Maurice ass Finaliste am Häereneenzel an de Maurice an de Victor am Häerendubbel. D’Sophie koum op déi drëtt Plaz am Dammedubbel. Am C gewënnt de Ben den Häereneenzel an de Ben an de Juno den Häerendubbel. Am D war de Pierre am Häereneenzel an mam Eric am Häerendubbel an der Finale an d’Cathia an den Eric sinn déi drëtt am Mixte ginn.

An allen 3 Disziplinnen um Podium war d’Claudine. Eise jéngste Landesmeeschter huet 14 Joer, deen eelsten 36.
Izeg huet 6 Titele gewonn an am ganzen 15 Médaille gewonn. Wat d’Médaillen ugeet: Am A gewanne mer der 5, am B 5, am C 2 an am D 3. Wat déi eenzel Disziplinnen ugeet: Am Dammeneenzel am Häreneenzel, am Dammendubbel an am Mixte hu mir jee 1 vun 4 Titel gewonn, an am Härendubbel 2 vu 4. Médaillë goufen et am am Dammeneenzel 1,  Dammendubbel 3, am Häereneenzel 3, am Mixte 4 an am Härendubbel 4.

Am Asaz waren och d’Annemarie, de Philippe, de Georges an de Xavier als Trainer an de Vito als Arbiter. Hinne villmools Merci fir hiren Asaz.

All d’Resultater fannt dir hei :
http://www.tournamentsoftware.com/sport/tournament.aspx?id=DA102F7D-0B1A-4253-A6C3-7C8C5181AE9D

Join us

For the little ones starting out on a lifelong love of badminton or for adults who chooses to swing a badminton raquet.
Beside our mother language luxembourgish, we speak english, french, german and maybe more...
Everyone is welcome in our club.