Coupe de Luxembourg Finalist
Finalist vun der Coupe de Luxembourg 2026
D’Coupefinall war e flotte Schlusspunkt vun enger immens erfollegräicher Saison. Eis 1. Equipe huet e staarke Match gewisen an de Club op eng exzellent Manéier vertrueden.
Eng Saison, op déi eis Spiller immens houfreg kënne sinn!
Finalist vun der Coupe de Luxembourg
3. Plaz an der Nationaldivisioun
Besonnesch stolz si mir dorop, datt vill vun de Spiller, déi haut an der Coupefinall um Terrain stoungen, aus eiser eegener Jugendformatioun kommen. Dat bestätegt eis Philosophie an eis Formatiounsaarbecht iwwert déi lescht Joer.
Dëse Succès ass d’Resultat vum Engagement vun eise Spiller, Traineren, Benevollen, Elteren, Supporteren a Sponsoren, déi eis déi ganz Saison iwwer ënnerstëtzt hunn.










