Coupe des Jeunes U9, U11, U13 Coupe des Jeunes Gewënner 2026
E flotte Schlussstréch ënner eng erfollegräich Saison!
Eis Jugendekippen hunn och bei der Coupe des Jeunes nach eng Kéier gewisen, wat si kënnen, a sech an allen Alterskategorien duerchgesat.
U09: Izeg 1 gewënnt 2:1 géint Déifferdeng 1
U11: Izeg 1 gewënnt 2:1 géint Déifferdeng 1
U13: Izeg 1 gewënnt 4:1 géint Izeg 2.
Besonnesch bei den U13 war et eng 100 % Izeger Final, wat d'Qualitéit an d'Breet vun eiser Jugendaarbecht ënnersträicht.
E besonnesche Moment war, datt eis Jugendspillerinnen an Spiller hir Erfolleger zesumme mat eiser 1. Equipe feiere konnten, déi méi spéit an der Finall vun der Coupe de Luxembourg um Terrain stoung. Vill vun dëse Spiller hunn hir éischt Schrëtt an eise Jugendekippe gemaach, e schéint Zeechen, datt den Iwwergang vun der Jugend an den Eliteberäich funktionéiert.
E grousse Merci un all eis Spillerinnen a Spiller, Traineren, Elteren a Supporter, déi dëse Succès méiglech gemaach hunn.












