Check out this news

Europameeschterschaft

D’Claudine spillt an der Fuesvakanz zu Ramenskoe a Russland d’Équipeneuropameeschterschaft mat. Lëtzebuerg spillt géint Holland, déi un Nummer 5 gesat sinn, Ungarn an d’Schwäiz. Holland spillt e.a. mam Eric Pang, fréiere Jugendeuropameechster, deen aktuell de 54. op der Welt ass, a mam Jacco Arends, och hie fréiere Jugendeuropameeschter, e starken Dubbel- (Plaz 46 mam Jelle Maas) a Mixedspiller (Plaz 79 am Ilse Vaessen). Bei den Dammen steet den Dubbel Piek/Tabeling aktuell op Plaz 34 op der Welt. D’Schwäiz huet mat Jaquet/Dumartheray e Mixed op Plaz 46 an der Welt, mam Sabrina Jaquet op Plaz 59 an dem Nicole Schaller op Plaz 60 2 gutt Eenzelspillerinnen an mat Tripet/Schmid en Top 100-Häerendubbel. Dernieft hu souwuel d’Jeanine Cicognini wéi och d’Sabrina Jaquet schonn un enger Olympiad participéiert. Méi onbekannt sinn d’Ungarn mam Henrik Toth am Häereneenzel als eenzegen Top 200-Spiller. Zum Verglach: D’Claudine ass am Moment op Plaz 507 am Eenzel, 660 am Mixte an 715 mam Stefka am Dubbel. Den Akis ass am Moment op der Weltranglëscht am Dubbel op Positioun 400, am Eenzel op 1503. D’Stefka ass am Moment op Positioun 507 am Eenzel an 529 am Dubbel. Go Claudine!

Join us

For the little ones starting out on a lifelong love of badminton or for adults who chooses to swing a badminton raquet.
Beside our mother language luxembourgish, we speak english, french, german and maybe more...
Everyone is welcome in our club.