Europameeschterschaften 2025
Mir gratuléieren all de Spillerinnen a Spiller, déi fir d'Europameeschterschaften 2025 nominéiert goufen, a wënschen hinnen vill Erfolleg 

Als Fiederball Izeg si mir besonnesch houfreg, datt 5 vun den 11 selektionéierte Spiller aus eisem Club kommen.
Dës Selektioun ass d’Resultat vun hirem onermiddlechen Trainingsfläiss an der konsequenter Jugendaarbecht, déi zanter Joren an eisem Veräin geleescht gëtt.
Mir freeën eis och, datt Programmer wéi Hesper beweegt sech, un deenen e puer vun dëse Spiller deelgeholl hunn, zur sportlecher Entwécklung an zum fréien Interessi um Badminton bäigedroen hunn.








