Check out this news

Label de qualité - Pro-Club PLATIN Label Auszeechnung fir den Fiederball Izeg

D'Lëtzebuerger Badminton Federatioun (Feluba) huet virun 3 Joer een Labeling System, genannt Pro-Club Label, an d'Liewen geruff.
 
D'Ziel dovunner ass et déi sportlech an organisatoresch Kompetenz vun engem Club ze evaluéieren, no festgeluechten Kritären, an esou ze hëllefen de Badminton Sport weider z'entweckelen an méi performant ze maachen.
 
Deen Label ass an 4 Niveau'en opgedeelt: Bronze, Sëlwer, Gold an Platin.
 
Den Fiederball Izeg ass ganz houfreg dorobber, dass mir nom GOLD Label am 1. Joer an dem PLATIN Label am 2. Joer, elo nees den PLATIN Label vun der Feluba zouerkannt kruten, deen ënnersträicht déi gutt Aarbecht déi an de leschten Joren gemaach ginn ass, mee awer och dass de Club an d'Zukunft investéiert. Mir hun et färdech bruecht 2 Joer hannerteneen déi heichst méiglech Auszeechnung ze kréien.
 
Méi Detailer iwwert de Pro-Club vun der Feluba fannt dir ennert desem Link:
 
 

Join us

For the little ones starting out on a lifelong love of badminton or for adults who chooses to swing a badminton raquet.
Beside our mother language luxembourgish, we speak english, french, german and maybe more...
Everyone is welcome in our club.