QUALIFIKATIOUN FIR D'2015 EUROPEAN MIXED TEAM CHAMPIONSHIPS

17/11/2014

QUALIFIKATIOUN FIR D'2015 EUROPEAN MIXED TEAM CHAMPIONSHIPS

Lëtzebuerg konnt déi läscht Plaz net verhënneren. Mee et war ganz knapp.

Géint Estland war et eng 0:5 Défaite.

Vun den Izeger Spiller huet d'Stefka den Dammenenzel géint d'Kati Tolmoff, wat zu Peking op der Olympiad derbäi war, 12-21 an 9-21 verluer.

Den Akis huet am Härendubbel géint de Kristjan Kaljurand an de Raul Kasner 14-21 an 16-21 verluer.

Och géint Schweden war d'Resultat 0:5

Den Akis huet 2 Matcher gespillt. Am Mixte mam Stefka  géint d'Emelie Fabbeke, wat an der Mixteweltranglëscht op der Plaz 46 steet,  an den Henri Hurskainen, am Eenzel op Positioun 34, war d'Resultat 8-21 an 11-21. Am Dubbel geint de Jonathan Nordh an den Nico Ruponen   goufen et 16 an 11 Punkten.

D'Marie huet den Dammendubbel op 3 an op 9 géint d'Emelie Fabbeke an d'Emma Wengberg verluer.

Géint Italien war et knapp : 2:3

Eis Damen ware besser wéi d'Italienerinnen. D'Stefka gewënnt den Eenzel op 8 an op 9 géint d'Lisa Iversen an den Dubbel méi knapp an dräi Säz géint d'Karin Maran an d'Marah Punter (19-21, 21-12 an 21-16). Leider huet d'Marie de Mixte ganz knapp verluer : 22-20 18-21 18-21 war do d'Resultat fir d'Italiener Rosario Maddaloni an Karin Maran. Den Akis am Härendubbel huet an 2 Säz (op 15 an 17) géint de Rosario Maddaloni  an den Giovanni Greco, déi d'Nummer 114 am Moment op der Welt sinn, verluer.