Check out this news

Qualifikatioun fir d'2015 European Mixed Team Championships

Lëtzebuerg spillt bei der Qualifikatioun fir d' « 2015 European Mixed Team Championships » vum 7. bis dem 11. November an Talinn an Estland mat.

An der Selektioun si 4 vun eise Spiller.

  • Fir den Akis Thomas, Landesmeeschter 2013 am Härendubbel, ass et seng zweet Selektioun fir eng Seniorséquipen-Kompetitioun. Hien hat och schonn 2012 zu Amsterdam un den « European Men's & Women's Team Championships » deelgeholl. Hien ass am Moment op der Weltranglëscht d'Nummer 1754 am Eenzel an 958 am Dubbel.

  • D'Stefka Hargiono ass déi aktuell Landesmeeschterin am Dameneenzel. Hat ass och U19-Landesmeeschterin am Eenzel an am Dubbel. Hat ass am Moment op der Weltranglëscht d'Nummer 1006 am Eenzel an 311 am Dubbel.

  • De Ben Rausch ass Landesmeeschter am Häereneezel, Härendubbel an Mixte B.

  • D'Marie Goedert ass U17-Eenzel- an U17-Mixte-Landesmeescherin.

D'Géigner am Grupp 4 sinn Estland, Schweden an Italien. Favorit ass Schweden. Hire stärksten Här, den Henri Hurskainen steet am Moment an der Weltranglëscht op der Plaz 38. Si hunn och zwee Mixte ëm d'Top 50.

De bekannteste Spiller aus Estland ass de Raul Must, deen 2008 op der Olympiad zu Peking matgespillt huet. Am Moment ass hien op der Plaz 89 am Häreneenzel.

D'Italiener hunn een Härendubbel op der Positioun 68. D'Jeanine Cicognini, am Moment op der Plaz 83, spillt elo fir Italien an net méi fir d'Schwäiz.

Mir wënschen eiser Équipe vill Erfolleg.

Join us

For the little ones starting out on a lifelong love of badminton or for adults who chooses to swing a badminton raquet.
Beside our mother language luxembourgish, we speak english, french, german and maybe more...
Everyone is welcome in our club.